Search

You may also like

CSV an CDH: Zesummenhalt weisen a géint de Virus ukämpfen
Fail International Neiegkeeten

CSV an CDH: Zesummenhalt weisen a géint de Virus ukämpfen

Gëschter Moien hunn d’Parlamentarier an d’Presidente vun der zentraler Lëtzebuerger

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik
Fail International Neiegkeeten

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik

Aus Sécherheetsgrënn huet déi italienesch Regierung beschloss, déi am stäerkste

surprise
Der ASTI gefält de Staatsbudget net
Fail International Neiegkeeten

Der ASTI gefält de Staatsbudget net

De Veräin zur Ënnerstëtzung fir déi immigréiert Aarbechter (ASTI) bedauert

dislike

Zwielef Joer Prisong well hien op e Student geschoss huet

Zwielef Joer Prisong well hien op e Student geschoss huet

E jonke Mann vun 21 Joer muss fir 12 Joer an Prisong, well hien op e Student geschoss hat. Esou d’Uerteel vum Jugendgeriicht vun Douai (Nordfrankräich) fir dee Kriminellen, deen en 20 järege Student, deen zu Lille an d’Diskothéik wollt goen, schwéier blesséiert huet.

De 19. Januar 2014 war dem Student mat engem Maschinnegewier an d’Been, den Ënnerleif an an de Bauch geschoss ginn. D’Dot ass am Quartier vu Moulins zu Lille vollbruecht ginn. De Motiv: De Student hat d’Partei vu jonke Meedercher ergraff, déi Schëmmel a Bless vernannt gi waren. Esou d’Feststellung vum Parquet zu Lille.

„Hien war mat dräi Frëndinnen um Wee an eng Diskothéik wou e säi Gebuertsdag wollt feieren, wéi se op der Strooss vun enger Grupp Jonken opgehale goufen“, esou de Affekot vum Affer, Me. Gildas Brochen.

Aus engem „Wuertgefecht“ eraus huet d’Situatioun eskaléiert. Dunn huet ee vun der Band „mat engem Maschinnegewier MP40 a Richtung vu mengem Client geschoss. Aacht Kugele waren ofgeschoss ginn an dovunner hunn der fënnef mäi Client getraff“, esou den Affekot zu de Faiten.

Den Tireur huet e Strofmooss vun 12 Joer festem Prisong erhalen, fir de versichte Mord um Student dee schwéier blesséiert ginn ass an engem jonke Meedchen dat sech u Säit opgehalen hat. „Et ass wichteg a richteg, datt de versichte Mord vum Geriicht unerkannt ginn ass“, esou den Affekot.

„Et war net d’intentioun vu mengem Client e Mënsch ëmzebréngen. D’Schëss sinn all op d’Been geriicht gewiescht (…) Scho beim Verhéier huet sech mäi Client beim Affer entschëllegt, hien huet gefrot wéi et dem Affer géif goen, hien huet Empathie gewisen“, esou den Affekot vum Täter, Me. Alexandre Demeyére-Honoré.

D’Verhandlung hat schonn e Méindeg ugefaangen. De Beschëllegte war 17 Joer jonk zum Moment vun der Dot. Mat him op der Bänk vun der Uklo, seng presuméiert Komplizen: een dovunner ass fräigeschwat ginn, zwee zu véier an engem Joer feste Prisong. De véierte Brigang, zu deem Zäitpunkt 15 Joer jonk, muss sech elo virun engem Gericht fir Kanner veräntwerten.

mat AFP

Related topics Lille, Maschinnegewier, Prisong, Student
Next post Previous post