Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Groussbritannien: Den Toddbrook Reservoir dreet ausenaner ze briechen
Neiegkeeten

Groussbritannien: Den Toddbrook Reservoir dreet ausenaner ze briechen

Un a fir sech ass den Toddbrook Reservoir en onscheinbare

Sportler, Schrëftsteller a Proffen: Weess du, wat eis Deputéiert soss nach maachen?
Neiegkeeten

Sportler, Schrëftsteller a Proffen: Weess du, wat eis Deputéiert soss nach maachen?

Di mannsten Deputéiert zu Lëtzebuerg hunn nëmmen eng politesch Karriär.

E Mann ass wéinst Besëtz an Tausche vu kannerpornografeschem Material veruerteelt ginn
Neiegkeeten

E Mann ass wéinst Besëtz an Tausche vu kannerpornografeschem Material veruerteelt ginn

Véier Joer Prisong, wouvunner der dräi mat Sursis, dat ass

Zwou Gewerkschafte mat Häerz a Verstand

Franséisch CGT an OGBL renouvelléiere hiren Accord

Zwou Gewerkschafte mat Häerz a Verstand

Et hat eng Grëtz gedauert, bis sech d‘Gewerkschaftler de Medie géinteniwwer gesat haten, mee dunn ass et awer zügeg virugaangen. Fir unzefänken huet den Änder Roeltgen, OGBL-President eng kuerz Introduktioun ginn, iert de Generalsekretär vun der franséischer „Confédératioun Générale du Travail“ (CGT), Philippe Martinez huet direkt den Toun uginn.

„Mat der Erneierung vun dësem Accord, vollzéie mir keen diplomateschen Akt, mee e militanten Akt“, esou de Philippe Martinez um Haaptsëtz vum OGBL zu Esch-Uelzecht. Hie war mam Denis Gravouil (Generalsekretär vun der nationaler Federatioun) op Lëtzebuerg komm, fir den Accord, deen tëscht dem OGBL an der CGTR am Joer 2006 ënnerschriwwe gi war, ze erneieren.

Häerz

De Philippe Martinez, Generalsekretär vun der CGT, freet sech schonn eppes méi laang iwwert déi gutt Zesummenaarbecht mam OGBL. © Shari Pleimelding/moien.lu

Dësen huet missen aktualiséiert ginn, nodeems et am Frankräich zu enger neier territorialer Opdeelung vun de Regioune komm ass, an „d‘Region du Grand Est“ geschafe ginn ass. Dësen deels techneschen Accord huet zum Zweck déi grenziwwerschreidend Aktioun vu béide Gewerkschaften ze stäerken. Heibäi geet et ganz kloer ëm d‘Interesse vun de Frontalieren déi bei eis schaffen.

Am Accord sinn awer och nei Projeten enthalen. Esou soll notamment och um kulturellen Niveau méi enk zesummegeschafft ginn. Den OGBL-President, Änder Roeltgen, ënnersträicht d‘Engagement vu béide Gewerkschaften „e Signal fir d‘Gewerkschafte vun der europäescher Unioun ass, grenziwwerschreidend Kooperatiounen unzegoen“. An dozou gëtt e gutt Argument.

Häerz

Den Änder Roeltgen, President vum OGBL, appelléiert un d‘Gewerkschaften an Europa, sech zesummenzedoen, an op alle Niveauen zesummenzeschaffen, fir datt dat soziaalt Europa, wat se alleguerte fuerderen eng Realitéit ka ginn, an dem Rietsextremismus an dem Populismus esou eppes entgéintgestallt gëtt. © Shari Pleimelding/moien.lu

„D‘Lag an Europa ass besuergnesereegend an et hëlt u Geschwindegkeet zou (…) Zanter Joerzéngte reklaméiere mir ee soziaalt Europa, mee dovunner si mir nach wäit ewech“, betount den Änder Roeltgen. „Et war eis vill Soziales versprach ginn, mee wat Europa sech ëmmer weiderentwéckelt, wat et manner Soziales gëtt“, esou de Philippe Martinez, an de Mann huet leider Recht.

Fir den OGBL-President gëtt et vill gutt Grënn dëst soziaalt Europa ze fuerderen, well wa mir net kuerzfristeg d‘Politik änneren, da renne mir net nëmme blannemännerches an eng Wirtschaftskris, mee riicht an eng sozial a politesch Kris. Den Änder Roeltgen huet d‘Geleeënheet genotzt, fir nach emol virum Opstig vun de Rietspopulisten ze warnen, déi schonn an der EU d‘Muecht ergraff hunn.

Foto: (v.l.n.r.) Denis Gravouil (CGT), Philippe Martinez (CGT), Änder Roeltgen (OGBL) © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Änder Roeltgen, CGT, Denis Gravouil, OGBL, Philippe Martinez
Nächsten Artikel Virrechten Artikel