RoundUp: Monsanto zu San Franscisco an éischter Instanz veruerteelt
D‘Jury vum Geriicht zu San Francisco huet e Freideg de
D‘Jury vum Geriicht zu San Francisco huet e Freideg de
Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft
Wann de Educatiounsminister sech verständlecherweis mat sengem Projet zefridde weist,
Eecherfeld, den 18. September: Wei kenne mir an enger paralyséierter Gesellschaft mat stengegem Wuesstem an Konkurrenzdenken een „Eis“ schafen? Wéi kenne mir an engem bestëmmte „Sënn“ produzéieren an consomméieren?
Déi zwou Woche vun der Nohalteger Educatioun, ugebuede vun engen 30 Acteuren aus der Zivilgesellschaft, siche fir nei Weeër zu dësem Thema auszeschaffen. Hire But ass et eis Gesellschaft zu méi Responsabilitéit ze féieren sou datt och driwwer nogeduecht gëtt een dauerhaften an gerechte Liewensstil fir sech selwer ze fannen.
Bei der Pressekonferenz an de Gäert vun Terra un dësem Dënschden hunn d‘Acteure vun „Connecting Lives“ een Abléck an ronn zwou Dosen Aktivitéiten, ënnerdeelt an 3 Statiounen, presentéiert.
Des Villfältegkeet un Aktivitéite bitt also fir jiddwereen eppes un, an se fannen duerch ganzt Land statt, wei beispillsweis zu Stengefort, Housen, Esch-Sauer, Huelmes, Esch/Uelzecht oder an der Staat Lëtzebuerg. Fir Kleng a Grouss sinn Aktivitéiten derbäi déi Alternative bidden, fir eng méi gerecht an nohalteg Welt ze gestalten.
Méi Informatiounen, sou wéi de ganze Programm fannt Dir ënnert: connectinglives.cercle.lu
Foto & Galerie: © Cercle de Coopération Asbl