Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Eist d’Zil bei der Energieeffizienz réckelt erëm mi wäit ewech
International Neiegkeeten

Eist d’Zil bei der Energieeffizienz réckelt erëm mi wäit ewech

Vir 2020 huet Europa, an domat och Lëtzebuerg, sech a

surprise
D‘Reform vum Notariat soll déi erhoffte Moderniséierung bréngen
International Neiegkeeten

D‘Reform vum Notariat soll déi erhoffte Moderniséierung bréngen

Bei engem „Avantprojet“ vun iwwer 80 Säite fir e Gesetz,

surprise
Beim ACL gëtt elo e Gang eropgeschalt
International Neiegkeeten

Beim ACL gëtt elo e Gang eropgeschalt

Am Kader vun der Internationaler Motor Show vu Lëtzebuerg huet

Zyklon Idai: Dokteren ouni Grenzen zéien en éischte Bilan

Mosambik, Simbabwe a Malawi: Zäit fir en Iwwerbléck

Zyklon Idai: Dokteren ouni Grenzen zéien en éischte Bilan

Nom Zyklon Idai an den dozougehéierenden Iwwerschwemmungen am Oste vun Afrika, ass et elo, gutt ee Mount méi spéit, un der Zäit sech en Iwwerbléck vun der Situatioun ze maachen. Aus dësem Grond huet Dokteren ouni Grenzen (MSF) eng Konferenz mam Karin Huster (via Telefon) an dem Paul Delaunois ugebueden.

Virum Bilan ass nach emol op d‘Naturkatastroph gebléckt ginn, déi an der Nuecht vum 14. op de 15. Mäerz iwwert d‘Regioun hiergefall ass. An alle betraffene Länner huet et Affer ginn:

  • Mosambik: 602 bestätegt Doudesaffer an 160.000 Mënschen déi nach hebergéiert musse ginn. D‘Zuel vun den zerstéierten an/oder beschiedegte Gebaier: 239.682. Zerstéiert Agrarflächen: 715.000 Hektar
  • Simbabwe: iwwer 181 Doudeger, 330 vermësste Persounen an 21.940 Mënschen déi deplacéiert goufen;
  • Malawi: 56 Affer, 577 Persoune ginn nach vermësst an 83.000 deplacéiert Leit.

Mat am stäerkste Betraff war d‘Küstestad Beira, mat senge ronn 500.000 Awunner. Déi muss elo nom Zyklon op de „Geméisgaart“ verzichten, zumindest wat déi virgesinne Recolte vun dëser Saison betrëfft. Nieft dem risege materielle Schued, ass déi betraffe Regioun dann och nach vun enger Hongersnout bedreet. Hei ass dann och d‘UNO iwwert de Welternierungsprogramm (WFP) agesprongen. MSF a weider Organisatioune këmmeren sech ëm de sanitäre a medezinesche Volet.

Zyklon Idai

De 15 Mäerz huet sech den Zyklon iwwert eng gréisser Regioun an Ostafrika ewech gemaach, an dobäi Affer gefuerdert, eng Abberzuel Gebaier an eng Recolt zerstéiert. © MSF

Am Kontext vum Zyklon Idai, huet MSF eng 750 Mataarbechter op lokalem Niveau agestallt a forméiert. Zu deene kommen nach emol 200 sougenannt „International Fräiwëlleger“ derbäi. Déi alleguerte gi vun de 200 „Permanenten“ op der Plaz encadréiert. Hei dierf een drun erënneren, datt MSF zanter 1984 am Mosambik aktiv ass, an dat a villen Hisiichten e Virdeel ass. D‘leit kennen een an och d‘Géigend ass net ganz esou friem a feindlech wéi dat op anere Plazen emol de Fall ka sinn.

Dat wichtegst

Als primär Ziler vu MSF sinn ze betruechten: déi allgemeng medezinesch Interventioun, Impfe géint Cholera, d‘Versuergung mat Drénkwaasser an/oder Distributioun vun Tablette fir d‘Waasser ze rengegen an d‘Opstelle vun Anlagen déi d‘Waasser rengegen. A grad wéinst de Problemer mat der Waasserversuergung ass et zu eng Cholera-Epidemie komm, an d‘Regierung huet de 27. Mäerz entspriechend Moossname missen ergräifen. A knapp enger Woch ass och eppes erreecht ginn.

Zyklon Idai

Wéi eis de Paul Delaunois erkläert huet, konnten an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère vum Mosambik, innerhalb vu 7 Deeg eng 750.000 Persounen oral geimpft ginn. Et goufen 350 Better bereetgestallt fir déi schlëmmste Fäll opzehuelen, an dat kéint bis op 1.000 Better erweidert ginn. Dës relativ onkomplizéiert Impfaktioun deckt gutt 93% vun der Bevëlkerung of. Fir der Suerg mam Waasser bäizekomme ginn „Rengegung-Setten“ verdeelt a gréisser Anlagen opgestallt.

De Stand haut

Am Gespréich mat der medezinescher Referentin vu MSF am Mosambik, ass sech op déi imminent Erausfuerderunge bezu ginn. An d‘Karin Huster ass do däitlech: d‘Mënsche brauchen Zougank zu Drénkwaasser a Liewensmëttel, an et muss esou séier wéi nëmme méiglech de Gesondheetssystem retabléiert ginn. Eng Ausso déi esou generell op bal all d‘Infrastrukturen ze iwwerdroen ass.

Zyklon Idai

Si huet och drop higewisen, datt déi staatlech Servicer gutt schaffen, an déi vun der Stad Beira grad derbäi sinn, nees „d‘Waasser un d‘Lafen ze bréngen“. Et wier impressionnant gewiescht ze gesinn, wéi gutt déi staatlech Instanzen – a besonnesch de Gesondheetsministère – reagéiert hunn. Op haut konnte bal all d‘Gesondheetszentren nees hir Dieren opmaachen, an ass et wäert ernimmt ze ginn.

D‘Spezifizitéit vum Mosambik

Zudeem, esou d‘Karin Huster, huet de Gesondheetsministère vum Mosambik d‘Entscheedung geholl, d‘Soine bis zur Normaliséierung gratis ze maachen. Dat ass wichteg, well de Mosambik e Land ass wou d‘Infektioune mam HIV/Aids-Virus all 6. Awunner betreffen. Duerch den Zyklon si vill „Patienten“ net un hir Medikamenter komm, wat eventuell gréisser Problemer mat sech bréngt.

Zyklon Idai

Mat dat wichtegst: Waasser. © MSF

Ob an a wéi engem Mooss, et zu enger Zounam vun Neiinfektioune komme wäert, dat konnt haut net ofschléissend gekläert ginn. Et sinn awer am Spidol vu Beira 7 Better fir Intensiv-Soine vu Patiente mat HIV- oder Tuberkulos-Infektioun bereetgestallt ginn, fir de Fall datt si sech mam Cholera géifen ustiechen. MSF léisst seng „Zelter“ dann och nach stoen, bis Entwarnt ka ginn.

Foto: Déi medezinesch Referentin vu MSF, Karin Huster, huet sech um Terrain ëmgekuckt an iwwert de leschte Stand vun der Sitautioun zu Beira am Mosambik informéiert: © MSF

Ähnlech Sujeten Dokteren ouni Grenzen, Malawi, Mosambik, MSF, Simbabwe, Zyklon Idai
Nächsten Artikel Virrechten Artikel