Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?
International Neiegkeeten

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?

Dës Fro stellt sech d’CSV. An engem Pressecommuniqué detailléiere si,

Du weess net, wie wielen? Hei sechs Saachen, déi s de kanns maachen, fir däi Choix méi liicht ze treffen
International Neiegkeeten

Du weess net, wie wielen? Hei sechs Saachen, déi s de kanns maachen, fir däi Choix méi liicht ze treffen

Wéi s de bestëmmt scho matkrut hues, leeft grad de

Zu Diddeleng ass den Uewen aus!
International Neiegkeeten

Zu Diddeleng ass den Uewen aus!

Rosen an vun der Direktioun batter enttäuscht, hu Salariéeë vun

Migratioun: Zypern fuerdert Hëllef vun der EU

Migratioun: Zypern fuerdert Hëllef vun der EU

Zypern huet d‘Hëllef vun der EU ugefrot, well se de Problem vun der illegaler Awanderung net méi Meeschter ginn, op dëser Insel am Mëttelmier. Déi zypriotesch Regierung huet matgedeelt, datt si den Awanderer net méi laang kënne standhalen, wa weiderhin esouvill Leit sollten ukommen.

D‘Migratioun stoung um Mëttwoch am Mëttelpunkt vun enger aussergewéinlecher Sëtzung vum Ministerrot, déi aberuff ginn ass, nodeems iwwer 140 Mënschen a véier Deeg op der Insel gelant sinn.

Op der Sich no Solidaritéit

„Et muss eng Rei Kontakter a Gespréicher mat eisen europäesche Partner ginn, besonnesch mat de Länner aus dem mediterrane Raum, déi mat de selwechte Problemer konfrontéiert sinn. Mir mussen eng besser Koordinatioun op europäeschem Niveau erreechen“, esou den Inneminister Constantinos Petrides.

A grad wéi Italien, fuerdert och den zyprioteschen Inneminister eng „europäesch Solidaritéit“. Et dierft net sinn, datt d‘EU-Politik zu enger Iwwerbelaaschtung vun de Länner – och nach grad esou engem klenge Land wéi Zypern – féiert, déi an der éischter Linn stinn.

Op Dauer kënnen net all déi Strukturen entwéckelt ginn, déi noutwenneg wieren, fir déi Mënschen opzehuelen. Zypern huet elo net esou eng Massiv Zouwanderung, nom Ausbroch 2011, vum Krich a Syren, erlieft wéi Griicheland oder d‘Tierkei, mee fuerdert vu Bréissel aktiv ze ginn.

Ze vill ass ze vill

Säit 2015 sinn op enge 40 Schëffer 2.000 Migranten op Zypern gelant, esou d‘Zuele vum héije Kommissariat fir Refugiéeë vun de Vereenten Natiounen. „Wann d‘Zuele weider zouhuelen, dann ass d‘Lag net méi ze geréieren“, esou de Petrides no der Sëtzung.

Hie weist dann och nach drop hin, datt laut den offiziellen Zuele vun der EU fir 2018, Zypern dat Land ass, mat de meeschte Migrante pro Awunner (5/100.00). An den éischten aacht Méint 2018, huet Zypern 4.022 Asyl-Ufroen erhalen. Dat si 55% méi wéi nach 2017.

De Petrides weist drop hin, datt et 2017, 56% méi Migrante ware wei nach 2016. „D‘Migratioun ass eng europäesch Fro, a kee Land ka sech dësem Problem eleng unhuelen. Dofir kann sech Solidaritéit net nëmme ‚finanziell‘ ausdrécken, mee muss och e Réckféierungssystem abegräifen“.

Méi Patrullen um Mier

Aktuell versicht Nikosia mat der libanesescher Regierung en Accord ze fannen, fir d‘Migranten – a vill vun hinne sinn a leschter Zäit aus dësem Land op Zypern ukomm – zréckzeféieren. Detailer zu de Verhandlungen huet de Minister keng ginn.

An der Sëtzung, hunn sech d‘Minister drop gëeenegt, d‘Patrullen um Mier ze verstäerken, d‘Réckféierungsaccorden unzewennen an ëmzesetzen, wéi och d‘Prozedur vun den Demande fir Asyl ze beschleunegen. Dofir soll et Demandeure méi liicht gemaach ginn eng Schaff ze fannen.

De Constantinos Petrides huet nach festgestallt, dat de gréissten Deel vun den Demandeuren op Zypern, Syrer sinn (860 Mënschen). Déi aner wiere virun allem Inder, Pakistaner, Egypter oder Iraker. D‘Leit an dës Länner zréckzeféieren ass dann och bal net méiglech.

Vill Suergen, wéineg Hoffnung

„Dat ass eng Fro déi eis beonrouegt (…) säit 2008, ass de Refugié-Statut 1.090 Mënschen zougesprach ginn. Den ‚zousätzleche Schutz-Statut‘ hu bis ewell 6.784 erhalen, während 7.046 Demandeuren nach drop waarden, datt hiren Dossier beaarbecht gëtt“, esou de Minister.

Net méi spéit wéi e Méindeg, hat déi zypriotesch Küstewaach am Mëttelmier e Schëff opbruecht, op deem sech 36 Syrer befonnt hunn, déi virum Krich an hirem Land geflücht sinn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten EU, Italien, Migratioun, Refugiéën, Zypern
Nächsten Artikel Virrechten Artikel