Search

You may also like

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner
Kultur Neiegkeeten

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner

Am Kampf géint d‘Ëmweltverschmotzung gëtt et näischt Besseres wéi Fabricken

Alles Guddes un d’Philharmonie – 15 Joer voller Kultur!
Kultur Neiegkeeten

Alles Guddes un d’Philharmonie – 15 Joer voller Kultur!

15 Joer Philharmonie – dat muss gefeiert ginn! Schliisslech ass

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland
Kultur Neiegkeeten

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel huet op Invitatioun vu sengem

Lëtz’ Party: De Prënz Louis feiert Gebuertsdag!

Lëtz’ Party: De Prënz Louis feiert Gebuertsdag!

Um haitegen 3. August feiert S.A.R. de Prënz Louis Xavier Marie Guillaume vu Lëtzebuerg säi Gebuertsdag. Do gratuléiere mir natierlech a wënschen alles Guddes!

Am Joer 1986 ass de Prënz Louis an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad op d’Welt komm. Hien ass den drëtte Jong vun der groussherzoglecher Koppel. Aus dem Bestietnis mam Tessy Antony sinn zwee Kanner ervirgaangen: de Prënz Gabriel Michael Louis Ronny, deen um 12. Mäerz 2006 zu Genf gebuer ginn ass, an de Prënz Noah Etienne Guillaume Gabriel Matthias Xavier, gebuer um 21. September 2007 zu Lëtzebuerg.

D’Primärschoul huet de Prënz Louis zu Luerenzweiler besicht, ier et dunn an d’American School of Luxembourg gaangen ass. Uschléissend hu seng edukativ Weeër hien an de Collège Beau Soleil an d’Schwäiz gezunn, wou hien säin Diplom am Juni 2005 entgéint huelen duerft. Nieft den übleche 4 Sproochen, déi een zu Lëtzebuerg kënne wëll/muss/soll, kann de Prënz och nach immens gutt spuenesch schwätzen. ¡Arriba!

Beim Studium an der Schwäiz huet dat haitegt Gebuertsdagskand ee besonneschen Interessi an de sozialen an humanitäre Wierker entwéckelt. Dobäi huet hien oft u Missioune vun der ONG deelgeholl, déi a Kooperatioun mat der Schoul steet. An dësem Kontext huet de Prënz Englesch-Coursë gehale fir Kanner aus äermleche Géigenden. Zeréck an Europa stoung fir hien ee Stage vun engem Joer beim Roude Kräiz vu Genf um Programm. An de Schoulvakanzen huet hien um Encadrement vu Kannergruppen deelgeholl an eeler Leit begleet.

Prënz Louis

Bei der Gebuert vum Prënz Louis © Cour grand-ducale / Collection privée

No zwee Joer an Amerika konnt de Prënz Louis duerch seng Formatioun am Aeronautics and Aeronautical Management duerft hie säi Private Pilot Certificate entgéint huelen.

Weider gaangen ass et dunn an England. Säit Mee 2014 ass d’Gebuertsdagskand Diplomé vu Richmond, enger internationaler amerikanescher Universitéit zu London, wou hie seng Lizenz zur Kommunikatioun kritt huet. Un der Universitéit vu Birkbeck an der britescher Haaptstad krut hien ee Master an der Psychologie.

Momentan wunnt de Prënz zu Paräis a schafft als Consultant fir Laurent Meeschaert Conseil. Trotz sengem immens strukturéierten a volle Programm kënnt hien, sou wéi et méiglech ass, op Lëtzebuerg bei seng Famill.

Wat de Beräich Sport ugeet, esou bedreift hien immens gäre Bierg- a Reitsport. Donieft ass hien nach als Sporttaucher a Schütze aktiv. Kuckt ee sech seng Etüden un, esou wonnert et och net, datt de Prënz Louis ee leidenschaftleche Pilot ass.

Opmaacherfoto: © 2018 Cour grand-ducale / Lola Velasco

Related topics Gebuertsdag, groussherzoglech Famill, Liewenslaf, Prënz Louis
Next post Previous post